Povzetek epizode
Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Wat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Epizode
Sophie Calle - Onfaerdeg ...
PoslušanoWat geschitt mat de Projeten, déi eng Kënschtlerin ufänkt an net fäerdeg mécht? Dat weist Sophie Calle, déi franséisch konzeptuell Kënschtlerin, an enger grousser Ausstellung an England. Hei geet et ëm alles dat, wat feelt. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken.
Juli Zeh – Pony Show
PoslušanoAn hirem neie Roman „Pony Show“ hëlt déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin Juli Zeh d‘Lieser:inne mat op d‘Geriicht. Ner iwwerraschend, d'Juli zeh selwer ass Juristin. Hei geet et awer ëm méi wéi just eng Gerichtsaffär, D‘Valerija Berdi huet „Pony Show“ gelies. De Roman ass am Luchterhand Verlag erauskomm.
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Istanbul. Fräiheet (1)
PoslušanoDe Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou hien Interviewe mëscht, fir aus dëse Stëmmen e Buch iwwer d’Stad um Bosporus entstoen ze loossen. Viru véier Joer war hie schonn eng Kéier e puer Méint do. Huet sech eppes verännert? Wéi steet et mat der Fräiheet? A kann een nuets iwwerhaapt nach a Rou säi Béier drénken?
Ukranian Lessons
PoslušanoWat geschitt mat der Konscht, wann de Krich ausbrécht? Schaffe Kënschtler a Kënschtlerinnen weider, an ënnert wéi engen Ëmstänn? Fir Äntwerten ze fannen, ass déi brittesch Journalistin Chalotte Higgins iwwer dréi Joer ëmmer rëm an d‘Ukraine gereest. D‘Claire Barthelemy huet hiert neit Buch gelies.
Filmkriticken: "Coward" + "Karma"
PoslušanoDe belsche Realisateur Lukas Dhont setzt a sengem Drama "Coward" d'Léift tëschent zwee Zaldote virum Hannergrond vum Éischte Weltkrich an Zeen. Eng Mamm, déi sech an hir Kanner virun enger Sekt wëll retten, ass de Sujet vum Guillaume Canet sengem Thriller "Karma". De Michel Delage huet déi zwee Filmer gesinn.